D’Editions Guy Binsfeld hunn dëst Buch an Zesummenaarbecht mat MASKéNADA erausginn.
De Flöck ass e ganz gléckleche Mupp. E gëtt vill geheemelt, kritt all Dag e fantastesche Menü zerwéiert an
duerf an de Bëscher a Wise stonnelaang schnoffelen a wullen, Häerz wat begiers de. En huet bal alles wat en
Hond sech ka wënschen, wann do net seng ganz laang Ouere wären. En trëllt driwwer an deet sech oft wéi.
Seng Ouere stinn him stänneg am Wee. Mee dann huet hien eng Iddi: de Flöck gëtt den eenzegen Hond, dee mat
den Ouere mole kann.
De Flöck ass net nëmmen e Buch fir d’Aan a fir d’Oueren, mee och fir grouss a kléng Kënschtler a Konschtbegeeschterter.
D’Editions Guy Binsfeld hunn dëst Buch an Zesummenaarbecht mat MASKéNADA erausginn.
Mady Durrer
D’Mady Durrer, gebuer 1950, ass Educatrice diplômée. Vun der Leidenschaft zu Theater, Danz a Gesang ergraff,
huet si Solfège, Piano, franséisch an däitsch Diktioun, Art dramatique, Gesang a klasseschen, modernen
an Jazz-Danz studéiert. Bekannt ass d’Mady Durrer als Schauspillerin, Sängerin, Dänzerin, Kabarettistin
(Tun-Deutsch-Präis 1991), Autorin, Regisseurin, Choreographin a Synchronspriecherin. Hiert éischt Kannerbuch
gouf 2008 fir de Prix du Livre nominéiert.
Hund Bilderbuch Farben Luxemburgisch Kinderbuch Luxemburg MASKéNADA